ET WOR EMOL

8.12.2019 - KRËSCHTCONCERT AN DER PORKIERCH

 

Zum Ofschloss vum Joer 2019 hate mir Sonndes, den 8. Dezember, eisen traditionelle Krëschtconcert an der Porkierch zu Nidderkäerjeng. E flotten an ofwiesslungsräiche Programm huet hei op déi méi besënnlech Zäit vum Joer agestëmmt.

Während dem Week-End vum 6. bis den 8. Dezember war vis-à-vis op der Place Claus Cito och de Käerjenger Krëschtmaart. Och hei ware mir mat engem Stand déi dräi Deeg vertrueden, mat Iessen a Gedrénks fir grouss a Kleng.

Dat war et fir dëst Joer. D'Käerjenger Musek wënscht jiddferengem schéi Feierdeeg an e glécklecht neit Joer. Mir gesinn eis hoffentlech 2020 alleguer gesond a monter erëm.

16.11.2019 - CÄCILIECONCERT AM TREFF

 

Samschdes, de 16.11.2019 hat d'Käerjenger Musek, zesumme mat hiere Jongbléiser den alljähregen Cäcilieconcert am Käerjenger Treff. Als Gaaschtmusek huet eis dëst Joer d'Fanfare Schuller-Sprénkeng ënnerstëtzt, dat Ganzt ënnert der Direktioun vum Didier Wein, dee jo och en aktive Käerjenger Museker ass.

Et war e gutt besichten Owend an engem flotte Kader a mir soë jiddferengem Merci, deen de Wee an den Treff fonnt huet.

Hei geet et bei d'Fotoen.

11.05.2019 - 12.05.2019 - BËSCHFEST AM BOMMERTBËSCH

 

No villen Onsecherheeten wéinst der Raupeplo vum leschte Joer, kruten d'Veräiner gréng Luucht vun der Gemeng fir och dëst Joer hier Bëschfester am Bommertbësch ofzehalen.

D'Käerjenger Musek huet de Week-End vum 11ten an 12te Mee den Optakt vun der Saison mat hierem Bëschfest gemaach. Och wann d'Wieder eis Samschdes e Strëch duerch d'Rechnung gemaach huet, konnte mir Sonndes bei bloem Himmel awer vill Leit am Bësch begréissen.

De ganz jonken Jazzquartett "Quatharsis" huet fir de musekaleschen Encadrement während dem Apéritif gesuergt. Am Nomëtten war dann eng Quizronn, wou ganz vill Leit matgemaach hunn a wou et ganz flott Präisser ze gewanne gouf. De ganzen Dag war och fir d'Kanner gesuergt, mat Facepainting, Béckseschéissen, Diaboloatelier a Spill- a Moleck.

Um 17h30 hunn d'Käerjenger Jongbléiser dann och nach e Concert zum Beschte ginn.

 

Alles an allem war et e gelongene Week-End. Hei geet et bei d'Fotoen.

1 / 2 / 3

Eis Sponsoren:

LOGO_ISPLGESTLB_RGB.png
  • Facebook - White Circle
  • Twitter - White Circle
  • Vimeo - White Circle
  • Links - White Circle

Last updated: 16.01.2020. Webdesign by Marc Goergen (webmaster@hmbascharage.lu)