ET WOR EMOL

Flyer.jpg
30.03.2019 - GALA SHOW CONCERT "ADVENTURES"

 

Samschdes den 30. Mäerz war eisen alljährleche Gala Show Concert am Käerjenger Treff. Wéi den Numm et scho seet, war u Show hei genuch gebueden, mat Special Guests, Komedie, Kostümer a Verkleedungen an natiirlech Musek. D'Thema vum Event war dëst Joer "Adventures".

 

Als Solist hate mir dëst Joer de Percussionist Luc Hemmer op Besuch. Fir déi néideg Showeinlagen huet den Zauberer PaSCal gesuergt. De Raymond Kimmes huet duerch de Programm gefouert.

Et war e flotten Event an engem gutt gefëlltene Sall. Mir soen all de Leit Merci déi Musek op dësem wichtegsten Event vum Joër ënnerstëtzt hunn. 

Foten fannt dir an eiser Galerie.

50883702_10217608734185735_5989525227929
10.02.2019 - JUGENDMUSEKSDAG AM TREFF

 

E Sonndeg, den 10. Februar hunn d'Käerjenger Jongbléiser erëm op hieren Jugendmuseksdag invitéiert. Hei stung alles am Zeechen vun der Musek vu Jonken fir Jonker.

 

Niewt de Käerjenger Jongbléiser waren dëst Joer d'Päreler Spatzen, d'Jugendmusek Zolwer an d'Young Harmonists & Mini Harmonists Diddeleng zu Gaascht.

Als Ofschloss gouf et dann e klenge Concert vun deene 4 Museken zesummen.

Fotoen fannt dir hei.

01.02.2019 - GENERALVERSAMMLUNG

 

E Freideg, den 1. Februar war am Museksall d'Generalversammlung vun der Harmonie municipale a vun de Supporter. Hei gouf de Rapport vun 2018 an de Programm vir d'Joer 2019 virgestallt. Am Comité vun der Musek hunn sech zwee Leit net méi fir e weidert Mandat zur Verfügung gestallt. Et sinn dat d'Christiane Noblet-Eickmann (Sekretärin) an d'Linda Wampach (Trésorière). Mir soen hinnen op dëser Plaz villmols Merci fir déi vill Aarbecht déi si an deene leschte Joeren geleescht hunn. Nei dobäi ass ab 2019 d'Sandy Wampach. Den aktuelle Comité fannt dir hei.

Bei den HMB Supporter huet d'Sonja Wampach d'Roll als Interimspräsidentin iwwerholl, soulaang keen aneren Präsident fonnt ginn ass. Eng méi traureg Noriicht ass, dass d'Margot Theisen, laangjährege Member vun den HMB Supporter eis am Oktober 2018 verlooss huet. Vun dëser Säit aus eis déiwstent Matleed un d'Famill an d'Frënn vum Margot.

Hei fannt dir dann den aktuelle Comité vun den HMB Supporter.

1 / 2 / 3

Eis Sponsoren:

LOGO_ISPLGESTLB_RGB.png
  • Facebook - White Circle
  • Twitter - White Circle
  • Vimeo - White Circle
  • Links - White Circle

Last updated: 16.01.2020. Webdesign by Marc Goergen (webmaster@hmbascharage.lu)