ET WOR EMOL

47682577_1403232953140005_16977597312647
16.12.2018 - KRËSCHTCONCERT AN DER KÄERJENGER KIERCH

 

E Sonndeg, de 16. Dezember, huet d'Käerjenger Musek op hieren alljährleche Krëschtconcert an der Porkierch zu Käerjeng invitéiert. Mat enger Mëschung aus traditionelle Krëschtlidder a méi moderne Stécker, déi awer och an déi gemittlech Zäit vum Joër passen, hu mir domat d'Joer 2018 ofgeschloss.

Mir wënschen iech alleguer schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joër an hoffen iech 2019 erëm alleguer begréissen ze dierfen.

IMG_0008.jpg
17.11.2018 - CÄCILIECONCERT AM TREFF

 

E Samschden, de 17. November war am Kulturhaus "Käerjenger Treff" eisen traditionelle Cäcilieconcert.

 

Als Gaaschtmusek fir den zweeten Deel war et dëst Joër d'Fanfare Huncherange-Noertzange-Fennange déi eis supportéiert huet. E grousse Merci un sie fir de super Concert.

wahlen-83.jpg
14.10.2018 - APERITIFCONCERT AN DER BRAUEREI

 

Um Walsonndeg hate mir um 11h00 en Apéritifconcert op der Porte Ouverte vun der Bofferdingsbrauerei, zesumme mat deenen aneren 2 Museken aus der Gemeng: Uewerkäerjeng a Kéintzeg.

Dat Ganzt gouf organiséiert vun der Käerjenger Karnevalsgesellschaft am Kader vun hierem Béierfest, dat vu Freides bis Sonndes op der selwechter Plaz war.

Eng super Stëmmung an engem gutt gefëlltene Sall...

1 / 2 / 3

Eis Sponsoren:

LOGO_ISPLGESTLB_RGB.png
  • Facebook - White Circle
  • Twitter - White Circle
  • Vimeo - White Circle
  • Links - White Circle

Last updated: 16.01.2020. Webdesign by Marc Goergen (webmaster@hmbascharage.lu)