ET WOR EMOL

16.11.2019 - CÄCILIECONCERT AM TREFF

 

Samschdes, de 16.11.2019 hat d'Käerjenger Musek, zesumme mat hiere Jongbléiser den alljähregen Cäcilieconcert am Käerjenger Treff. Als Gaaschtmusek huet eis dëst Joer d'Fanfare Schuller-Sprénkeng ënnerstëtzt, dat Ganzt ënnert der Direktioun vum Didier Wein, dee jo och en aktive Käerjenger Museker ass.

Et war e gutt besichten Owend an engem flotte Kader a mir soë jiddferengem Merci, deen de Wee an den Treff fonnt huet.

Mir freeën eis op nächst Joer.

11.05.2019 - 12.05.2019 - BËSCHFEST AM BOMMERTBËSCH

 

No villen Onsecherheeten wéinst der Raupeplo vum leschte Joer, kruten d'Veräiner gréng Luucht vun der Gemeng fir och dëst Joer hier Bëschfester am Bommertbësch ofzehalen.

D'Käerjenger Musek huet de Week-End vum 11ten an 12te Mee den Optakt vun der Saison mat hierem Bëschfest gemaach. Och wann d'Wieder eis Samschdes e Strëch duerch d'Rechnung gemaach huet, konnte mir Sonndes bei bloem Himmel awer vill Leit am Bësch begréissen.

De ganz jonken Jazzquartett "Quatharsis" huet fir de musekaleschen Encadrement während dem Apéritif gesuergt. Am Nomëtten war dann eng Quizronn, wou ganz vill Leit matgemaach hunn a wou et ganz flott Präisser ze gewanne gouf. De ganzen Dag war och fir d'Kanner gesuergt, mat Facepainting, Béckseschéissen, Diaboloatelier a Spill- a Moleck.

Um 17h30 hunn d'Käerjenger Jongbléiser dann och nach e Concert zum Beschte ginn.

 

Alles an allem war et e gelongene Week-End. Hei geet et bei d'Fotoen.

Flyer.jpg
30.03.2019 - GALA SHOW CONCERT "ADVENTURES"

 

Samschdes den 30. Mäerz war eisen alljährleche Gala Show Concert am Käerjenger Treff. Wéi den Numm et scho seet, war u Show hei genuch gebueden, mat Special Guests, Komedie, Kostümer a Verkleedungen an natiirlech Musek. D'Thema vum Event war dëst Joer "Adventures".

 

Als Solist hate mir dëst Joer de Percussionist Luc Hemmer op Besuch. Fir déi néideg Showeinlagen huet den Zauberer PaSCal gesuergt. De Raymond Kimmes huet duerch de Programm gefouert.

Et war e flotten Event an engem gutt gefëlltene Sall. Mir soen all de Leit Merci déi Musek op dësem wichtegsten Event vum Joër ënnerstëtzt hunn. 

Foten fannt dir an eiser Galerie.

1 / 2 / 3

Eis Sponsoren:

  • Facebook - White Circle
  • Twitter - White Circle
  • Vimeo - White Circle
  • Links - White Circle

Last updated: 05.12.2019. Webdesign by Marc Goergen (webmaster@hmbascharage.lu)