ET WOR EMOL

20.05.2020 - 25.05.2020 - KÄERJENGER KIERMES

 

2020 ass a bleiwt e speziellt Joër. Dëst Joër huet d'Käerjenger Musek den Hämmelsmarsch net an de Strossen vum Duerf gespillt, mee online. Et war eng flott Erfahrung, mee mir hoffen, dass mir am Joër 2021 erem kënnen vun Dier zu Dier goen. Bis dohin: Bleiwt gesond!

09.02.2020 - JUGENDMUSEKSDAG

 

Um Sonnden, den 9. Februar hunn d'Käerjenger Jongbléiser erem op hieren traditionelle Jugendmuseksdag invitéiert. Lass goung dat Ganzt um 15h00 am Kulturhaus Käerjenger Treff. Fir eis Jongbléiser war dëst den éischten Optrëtt ënnert der Leedung vun hierem neien Dirigent, Yannick Hut.

 

Als Gäscht waren dëst Joer d'Foulschter Jugendmusik an d'Harmonie des Jeunes Prince Guillaume vun Déifferdeng op Besuch.

Zum Ofschloss gouf et dann nach e Concert vun deenen 3 Jugendensemblen zesummen. 

Hei geet et bei d'Fotoen.

8.12.2019 - KRËSCHTCONCERT AN DER PORKIERCH

 

Zum Ofschloss vum Joer 2019 hate mir Sonndes, den 8. Dezember, eisen traditionelle Krëschtconcert an der Porkierch zu Nidderkäerjeng. E flotten an ofwiesslungsräiche Programm huet hei op déi méi besënnlech Zäit vum Joer agestëmmt.

Während dem Week-End vum 6. bis den 8. Dezember war vis-à-vis op der Place Claus Cito och de Käerjenger Krëschtmaart. Och hei ware mir mat engem Stand déi dräi Deeg vertrueden, mat Iessen a Gedrénks fir grouss a Kleng.

Dat war et fir dëst Joer. D'Käerjenger Musek wënscht jiddferengem schéi Feierdeeg an e glécklecht neit Joer. Mir gesinn eis hoffentlech 2020 alleguer gesond a monter erëm.

1 / 2 / 3

Eis Sponsoren:

LOGO_ISPLGESTLB_RGB.png
  • Facebook - White Circle
  • Twitter - White Circle
  • YouTube
  • Links - White Circle

Last updated: 28.10.2020. Webdesign by Marc Goergen (webmaster@hmbascharage.lu)